Home
Fahnenweih zu Reckéng
Wéi Dir op dëser Plaatz liesen konnt (an nach ëmmer kënnt) feieren mir dëst Joër eisen Centenaire. An dësem Kader hu mir den 29. Abrëlll den drëtten Fändel an der Verainsgeschicht ageweiht. Dësen léist de Fändel, deen den 1. Mee 1962 ageweiht gouf, of.
Am Cortège goung ët zesummen mat der Reckénger Musék an enger Hellewull vun Invité'en vum Pompjeesbau bis ant Kierch. Dobai gouf den nach agepaakten Fändel vu véier Memberen gedroën.
D'Mass gouf vum Paschtouer Edmond Klein gehaalen. Hien huet a senger Priedegt den Asaatz vun de Pompjeeën am Dingscht vun der Allgemengheet gelueft an ass op eisen Motto "Een fir all, all fir Een" agaang.
Mir feieren eis 100 Joër!
Wéi schon un eisem Logo ze erkennen ass, feieren mir 2012 eis 100 Joër!
Aus deem Grond hu mir eng ganz Partie Rendez-Vous'en opt Been gestallt, op déi mir Ierch gär opmierksam maache géifen.
Op dëser Plaaz gi mer Ierch eng kleng Iwwersiicht iwwert de Programm vum Centenaire. Besonneg erfier ze hiewen ass d'mise en Service vun eisem neien Kdow den 22. September. De selwechten Dag gëtt och e Monument zu Eieren vun all Ehlenger Pompjee beim Bau ageweiht.
De komplette Programm kritt der mat engem Klick op "Weiterlesen"
Rauchmelder

Dëst Joer huet d'Administration des Services de Secours (ASS), zesummen mam Landesverband vun den Pompjeeen (FNSP), eng Aktioun an d'Liewen geruf, fir den Leit d'Bedeitung an d'Wichtegkeet vun engem Rauchmelder kloer ze maachen.
Iwwert Eis
D’Ehlenger Pompjeeën goufen den 25 September 1912 gergrënnt, an zwar ënnert dem Numm „Corps des Sapeurs-Pompiers Ehlange“.
Et handelt sech dobai em eng Kierperschaft dei duerch engt Zesummeschaffen mat den zoustännegen Instanzen an Administratiounen bei engem Brandausbroch oder soss engem Akzident organiseiert Hëllef leescht.
Mir ennerstinn dem Gesetz vum 21 Abrëll 1928 iwer Vereenegungen ouni Gewënnzweck, also sin mir eng normal a.s.b.l.
D'Chronik vun der Wier op Daitsch
